Donneschdeg, 02. September 2010
Wahlen 2009

Wahlen 2009 - Aktualitéiten

Déi Gréng: De Jean Huss bleift jüst 2 Joer an der Chamber

RTL - 16.06.2009, 15:28 - Fir d'lescht aktualiséiert: 20.06.2009, 07:26

De gréngen Deputéierten Jean Huss bleift juste 2 Joer an der Chamber. Duerno gëtt hie säi Mandat of, da réckelt d'Josée Lorsché no.

Den Jean genannt „Muck“ Huss ass zënter 25 Joer um Krautmaart, an mat 62 Joer deen Eelsten gréngen Deputéierten.

Elo ass Zäit fir der nächster Generatioun Plaz ze maachen. Am Summer 2011 réckelt d'Josée Lorsché fir den Jean Huss no.

 AUDIO: De Jean Huss »

Déi Gréng hunn och nach annoncéiert, datt de François Bausch Fraktiounschef bleift.

Dem André Hoffmann vun déi Lénk hu se ugebueden, déi néideg Ënnerschrëften ze ginn, fir Motiounen an Amendementer kënnen anzereechen. Dem ADR hëllefen déi Gréng op déi selwecht Art a Weis – allerdéngs nëmmen, bei Motiounen an Amendementer déi an den „normalen Bunnen“ wären.

Dës weideren sinn déi Gréng net d'Accord, dat den Fernand Boden Chamberspresident giff ginn. Just Kandidaten mat Erfahrung aus dem Parlament giffen si ënnerstëtzen. De Fernand Boden ass zanter 30 Joer Minister a wor just ee Joer Deputéierten.

 VIDEO: Sujet op RTL Télé Lëtzebuerg





 



20. Jul 07:17  CSV an LSAP hunn de Koalitiounsaccord ënnerschriwwen
17. Jul 12:54  Nei Regierung: Eng Propose vun RTL Radio Lëtzebuerg
17. Jul 08:27  Déi Lénk: Koalitiounsverhandlungen an enger "Dunkelkammer"
16. Jul 11:25  Koalitiounsprogramm: Eischt Detailer eventuel e Sonndeg
15. Jul 17:47  Koalitiounsverhandlungen: Press en Donneschdeg informéiert
14. Jul 18:23  Wat steet an der Note vun der Economie un de Formateur?
14. Jul 12:15  Lucien Lux, wéi et schéngt, net an der nächster Regierung
10. Jul 17:02  Koalitiounsverhandlungen: Aarbecht an Innepolitik um Menu
9. Jul 17:56  Koalitiounsverhandlungen: Securité Sociale a Renten um Menu
8. Jul 16:14  AMMD: Reaktioun op geplangt Ofschafe vum 1. Klass-Supplément
8. Jul 10:55  Chamber: E Mëttwoch si 45 vu 60 Deputéiert vereedegt ginn
8. Jul 00:28  Viviane Reding bleift Kommissärin, G. Bach op Stroossbuerg
7. Jul 23:59  Koalitiounsverhandlungen: Piquet vu Landesverband a Syprolux
7. Jul 17:22  ADR: Gast Gibéryen ass President vum Grupp an der Chamber
7. Jul 16:34  Koalitiounsverhandlungen: Dës Woch méi delikat Kapitelen
6. Jul 11:02  De Formateur ass en Méindeg vum Grand-Duc empfaange ginn
30. Jun 16:56  Formateur: CSV an LSAP si sech op ville Punkten eens
29. Jun 11:58  DP: D'Lompe sténke bei der DP am Osten
29. Jun 07:58  D'Koalitiounsverhandlunge goungen um Méindeg weider
28. Jun 10:48  DP-Kongress zu Steesel: Onzefridden, awer optimistesch
25. Jun 15:28  Déi Jonk Gréng: Ënnerstetzung vun Oppositioun am Iran
24. Jun 11:56  LSAP: R. Becker a F. Kuffer sinn aus der Partei ausgetrueden
22. Jun 08:32  Koaltiounsverhandlunge ginn d'nächst Woch virun
20. Jun 07:35  Den 8. Juli kënnt di nei Chamber beiëneen
18. Jun 08:04  Koalitiounsverhandlungen verlafen a guddem Klima

Ëmfro »

Hutt Dir är Batterien iwwer d'Summervakanz konnten oplueden, fir d'Rentrée elo mat Energie kënnen z'attackéieren?
Op alle Fall!
Nee, ech brauch nach méi Vakanz!
Ech hat guer keng Vakanz...
Ech hu keng Meenung dozou.

Dëse Sondage entsprécht net de wëssenschaftleche Standarden. E representéiert just d'Meenung vun deene Leit, déi hei op RTL.LU geäntwert hunn.